Ongewéinlecht VerhalenGanze Grupp vu 97 "Grindwalen" an Australien gestrant

RTL Lëtzebuerg
"Grindwalen" sinn zwar immens geselleg, ma wat sech virun der westaustralescher Küst ofgespillt huet, iwwerrascht och d'Experten.
© Western Australia Department of Biodiversity, Conservation and Attraction / AFP

Schonn en Dënschdeg hat sech de Grupp u Walen eng 100 Meter virun der Plage vu Cheynes Beach versammelt, wéi déi lokal Naturschutzautoritéit “Parks and Wildlife Services” matgedeelt krut. Eleng dëst Verhale wier schonn ongewéinlech. En Dënschdeg den Owend sinn dunn déi éischt Déiere gestrant.

An enger Course géint d’Zäit hu ronn 250 Fräiwëlleger an eng 100 wëll Déieren-Experte probéiert, sou vill vun de Wale wéi méiglech ze retten. Dosende Mënschen hunn am Waasser, op Kajaken oder Surfbrieder probéiert, de Rescht vum Grupp a méi déif Gewässer ze drängen an op d’Mier ze lackelen. “D’Benevollen an all aner Leit probéieren, si rëm a méi déift Waasser ze bréngen an da strande si selwer”, huet eng Spriecherin vum “Parks and Wildlife Service” erkläert.

Doropshin wieren “d’Grindwalen” vu Veterinären ënnersicht ginn. “Aus Déiereschutzgrënn” wier dunn decidéiert ginn, datt d’Walen ageschléifert misste ginn. Fir den Asazchef Peter Hartley wier et “warscheinlech eng vun de schwéiersten Decisiounen a menge 34 Joer am wëll Déiere-Management” gewiescht. Ma d’Entscheedung, d’Déieren anzeschléiferen, wier awer “gutt iwwerluecht” gewiescht.

© Laurent Fievet / ABC TV Australia / AFP

Wisou et ëmmer erëm zu esou Massestrandunge vu Mieresdéiere kënnt, wéissten d’Wëssenschaftler net genee. “Mir wëssen, datt Walstrandungen en natierlecht Phenomeen sinn, ma mir hunn et probéiert an de ganzen Dag mat den Déieren am Waasser verbruecht, fir hinnen déi bescht Chance ze ginn”, betount de Peter Hartley. “Grindwalen”, och “Pilotwalen” genannt, sinn immens geselleg Déieren, esou datt si méiglecherweis Aartgenosse suivéieren, déi sech a Gefor beginn. Esou gëtt spekuléiert, datt eventuell Killerwalen an der Regioun opgedaucht wieren a sech d’Déieren dowéinst an engem Grupp versammelt hunn.

Schonn d’lescht Joer waren 230 “Grindwalen” op der australescher Insel Tasmanien gestrant. 200 dovu ware gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO