Bis zu 2 Zentimeter groussGeféierlech Zeck an italieenescher Vakanzeregioun entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Gesträifte Been an eng bemierkenswäert Kierpergréisst: An Italien hu Fuerscher eng Entdeckung gemaach, ëm déi si sech Suerge maachen.
© MARIJAN MURAT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Aktuell schéngt sech déi sougenannt Hyalomma-Zeck an der Regioun bei Triest auszebreeden. Bis elo hätten déi kal Wanteren d’Ausbreedung vun der Zeck verhënnert, déi éischter an deenen tropesche Géigenden doheem ass. Esou heescht et an enger Matdeelung vum Stadsmusée fir Naturgeschicht. Mam Klimawandel géing sech dat awer elo änneren.

An dat mécht de Fuerscher Suergen. Déi bis zu zwee Zentimeter grouss Zecken iwwerdroen nämlech geféierlech Krankheete wéi Fleckféiwer an d’Krim-Kongo-Féiwer. Experten no kéinte sech d’Déieren an deenen nächste Joren och an Däitschland verbreeden.

Ee Virdeel huet d’Hyalomma-Zeck awer: Et gesäit ee se gutt an et ass och méi einfach se ewechzemaachen.

Am Grand-Duché gëtt et d’Hyalomma-Zeck iwwerdeem schonn zanter 2018. An engem fréiere Sujet hate mir beim Naturmusée nogefrot, wéi verbreet dës Zeck zu Lëtzebuerg ass an ob vun hir eng besonnesch Gefor ausgeet.

Back to Top
CIM LOGO