Header Background
Zeréck

Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d’Wunngrupp Maison Gisèle et Georges CDI 100% zu Mäerzeg

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG

Online säit10.09.2026

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher

wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?

Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,

Fir eise Wunngrupp, Maison Giisèle et Georges, déi Kanner a Jugendlecher, am Kannerduerf zu Miersch begleet, bidde mir en CDI 100% als Agent éducatif oder Educateur diplômé..

Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktiv anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee zu méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden. 

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !


Är Aufgaben

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn

  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen


Wat eis ënnerscheet

Mir investéieren an Är Entwécklung

  • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP,  ...)

  • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen

  • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse

  • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung


Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung

  • Strukturéiert Qualitéitsmanagement

  • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung

  • Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung


E professionellen a strukturéierte Kader

  • Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team

  • Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen

  • Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun

  • Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung


Eng Missioun mat Wierkung

  • Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen

  • Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen

  • E konkrete Bäitrag zu hiren Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen


Äre Profil

Diplomer a fachlech Kompetenzen

  • Unerkannten Diplom als Éducateur diplômé, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen

  • Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten

  • Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht

  • Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis

  • Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche

  • Führerschäin B

  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel


Konditiounen

  • CDI 100 %

  • Remuneratioun laut CCT-SAS (C3 oder C4)

  • Bestoend extra-legal Virdeeler


Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!


Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'exercer


Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Virgeschloene Kontrakt:
Unzuel vu Plazen :1
Typ vum Kontrakt:CDI
Plaz vun der Schaff : Luxembourg
Back to Top
CIM LOGO