D'Judit Vari, PhD-Studentin op der Uni vu Bangor (Wales), interesséiert sech fir d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an an Neibelgien (Oste vun der Belsch).

An der aktueller Phas vun hirer Etüd sicht d'Fuerscherin nach ganz geziilt 3 Sproochprofiller - an zwar Leit, déi an der Stad Lëtzebuerg gebuer respektiv do opgewuess sinn: ee Mann tëscht 40 a 55 Joer an zwou Fraen am selwechten Alter.

D'Spriecher missten dem Judit Vari eng 30 Minutte vun hirer Zäit schenken. Fir hir Etüd kënnt d'PhD-Studentin och extra an der Grand-Duché: Vum 29. Juni bis de 7. Juli ass si am Land an och bereet, sech egal wouhin ze placéieren, fir d'Etüd duerchzeféieren, also mat de Participanten ze schwätzen.

Wie interesséiert ass, ka sech direkt bei der Fuerscherin op der Bangor University mellen (J.Vari[at]bangor.ac.uk).

Aktuell ginn dräi Leit gesicht, déi Stater schwätzen. Méi spéit läit de Fokus dann um Éislek.

Déi eigentlech Etüd soll am September lafen, deen Ament sicht d'Judit Vari weider Fräiwëlleger. Tëscht dem 3. an dem 30. September kann een online matmaachen oder sech direkt mat der Fuerscherin ënnerhalen, well si "tourt" deen Ament och duerch d'Ländchen, fir d'Villfalt vu Lëtzebuerg ze ënnersichen, och a besonnesch am Éislek. Am September ginn dann och absënns Leit, déi aus dem Éislek stamen, gesicht.

"Ech interesséiere mech dofir, wat een aus der multilingualer lëtzebuergescher Situatioun an der Situatioun am Oste vun der Belsch fir Minoritéitesproochen, zum Beispill Walisesch, léiere kann. Souzesoen: DOs and DONT'S", seet d'Fuerscherin.

Hir Etüd kuckt dann och, wéi séier ee verschidde Sproochen an Dialekter ënnerscheede kann a wéi Biller een dobäi beaflossen: "Wat mengt Dir, wéi séier a präzis Dir sidd?", freet d'Judit Vari deen Ament an hofft op vill Leit, déi matmaachen. D'Haaptstudie am September hëlt eng 20 Minutten an Usproch.