Salon vum CALDe Prix Pierre Werner 2026 geet un d'Julie Wagener

Claudia Kollwelter
Ausgezeechent gouf si fir hiren Triptychon "A Singularity I", "A Singularity II" an "A Singularity III".
2025 war d'Ausstellung "The Things We Carry" vum Julie Wagener" an der Villa Vauban ze gesinn.

De Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) huet am Kader vum Salon 2026 de Prix Pierre Werner eestëmmeg un d'Kënschtlerin Julie Wagener verginn.

Ausgezeechent gouf si fir hiren Triptychon "A Singularity I", "A Singularity II" an "A Singularity III", dräi Wierker an Acryl a Kuel op Holzplacken.

An dëser Serie setzt sech d'Julie Wagener mat den typesche Modell-Haiser auserneen, déi enk mat der Geschicht vum industrielle Paternalismus zu Lëtzebuerg verbonne sinn. Haiser aus enger Zäit, an där d'Stolindustrie net nëmmen d'Wirtschaft, mee och d'Landschaft an d'Gesellschaft vum Land staark gepräägt huet. Op engem rouden Hannergrond verwandelt si dës Gebaier a Formen, déi schwiewen, a mécht esou d'Geschicht vun der Stolindustrie, d'kollektiv Erënnerung an d'Fro no Identitéit a Patrimoine op eng ganz perséinlech Aart a Weis siichtbar.

De Jury huet besonnesch déi aussergewéinlech Qualitéit vun dëser Serie u Wierker ervirgehuewen. Mat enger, op den éischte Bléck, einfacher Thematik an enger ganz eegestänneger kënschtlerescher Ëmsetzung géing et der Julie Wagener geléngen, individuell a kollektiv Erënnerung, Industriegeschicht a Patrimoine, lokal Verwuerzlungen an universell Froen op eng beandrockend Manéier mateneen ze verbannen, heescht et am Communiqué vum CAL.

De Prix Pierre Werner gëtt all zwee Joer vum CAL am Kader vu sengem Salon verginn an ass mat 5.000 Euro dotéiert.

Am Virfeld vun der Annonce vum Präis huet de President vum CAL, de Pierre Reuter am Interview erkläert, wéi de Präis vergi gëtt:

De President vum CAL, de Pierre Reuter am Interview mam Sophie Becker
De President vum CAL erkläert, wéi d'Präisser am Kader vum Salon vum CAL vergi ginn.

Back to Top
CIM LOGO