Vun e Freideg bis e Sonndeg den Owend weisen a verkafen hei 65 regional an international Galerië Wierker vun zäitgenëssesche Kënschtler.

D'Luxembourg Art Week ass zu engem feste Rendez-vous an der zäitgenëssescher Konscht ginn. No méintelaangem Plangen an Organiséieren ass e Freideg um Lampertsbierg déi grouss Ouverture vun der 5. Editioun vun der Konschtfoire.

Een Dag virum Start an déi 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week lafen d’Virbereedungen an der Victor Hugo Hal op Héichtouren. Vun e Freideg bis e Sonndeg den Owend weisen a verkafen hei 65 regional an international Galerië Wierker vun zäitgenëssesche Kënschtler.

Net just flächeméisseg ass d'Art Week dëst Joer ëm 1000m2 gewuess, ma am Kader vum 5. Jubiläum gouf mat "First Call" och eng ganz nei Sektioun an d'Liewe geruff. Dës bitt internationalen Exposanten, déi fir d'éischt dobäi sinn, optimal Konditiounen, fir sech mam Lëtzebuerger Marché vertraut ze maachen.

Donieft bitt d'Luxembourg Art Week de Visiteuren och nees een ofwiesslungsräichen Eventprogramm.

E Freideg de Moien um 11 Auer mécht d'Konschtfoire hir Dieren op.