Den André an den David produzéieren zanter 7 Joer Beats. Zu Berlin goufe si elo vun der Produktiounsfirma “Sony/ATV” ënner Vertrag geholl.

Viru 7 Joer huet alles ganz kleng ugefaangen. Aus enger Laun eraus hunn den David an den André decidéiert, zesumme Musek ze maachen.

Magestick Records-Beats made in Lëtzebuerg - Rep. Liz Heintz

Vun Ufank un hu si hier Beats op Youtube ugebueden an online verkaf. Séier hu si gemierkt, dass dat, wat si maachen, gutt dobaussen ukënnt an esou hunn si alles op eng Kaart gesat, hier fréier Aarbechte verlooss an eng eegen Entreprise mam Numm Magestick Records gegrënnt. Déi richteg Entscheedung, wéi sech eraus gestalt huet. Mëttlerweil schaffe si mat Kënschtler aus der ganzer Welt zesummen, hire Youtube-Channel huet schonn iwwer 235.000 Abonnenten.

Zanter engem Mount sti si dann elo och bei Sony/ATV zu Berlin ënner Vertrag. Dës an och aner Produktiounsfirme sinn op den Duo opmierksam ginn, well hier Beats an den USA, a Frankräich an an Däitschland grousse Succès haten. Sony/ATV huet deenen zwee am meeschten zougesot, hei kréien den David an den André d’Opportunitéit mat ville bekannte Rapper a Kontakt ze trieden a mat hinnen zesummen ze schaffen.

(v.l.n.r.) André Neves, Lennard Oestmann alias Jumpa, David Veiga / © Magestick Records

Ganz uewen op hirer To-Do Lëscht, stéing momentan deemno emol, sech e Numm an Däitschland ze maachen. Ënnert anerem schaffen si och scho mat groussen Nimm aus der Däitscher Rapp-Szen, wéi Capital Bra, Azet, Samra oder Vega zesummen. Op laang Dauer wier et hinnen awer och onbedéngt wichteg, méi Lidder an den USA raus ze bréngen a méi Radio-kompatibel Musek ze maachen.