
Bei engem Feier zu Eeschpelt an der Stauséigemeng ass eng Persoun gestuerwen, dat huet d'Police um Donneschdeg de Moie matgedeelt.
Et war e Mëttwoch den Owend géint 23 Auer, wéi d'Police op e Feier an der Duerfstrooss geruff gouf. Deen Ament ware 5 Persounen am Gebai.
4 konnten d'Haus verloossen, wärend een Awunner vermësst gouf.
Wärend de Läschaarbechten ass dunn e Mann vun 63 Joer dout am Haus fonnt ginn.D'Ursaach vum Feier ass nach onkloer.
De Parquet gouf informéiert an eng Enquête soll déi genee Brand- an Doudesursaach klären.
Informatioune vun der Gemeng no sinn zwou Persounen mat der Ambulanz an d'Klinik komm.
Gebrannt huet et an der Nuecht op en Donneschdeg an enger Pensioun, iwwert respektiv nieft engem Café zu Eeschpelt.
Et handelt sech also ëm sougenannte "Kaffiszëmmeren", déi op 3 Gebaier opgedeelt sinn. An déi waren de Gemengeresponsabelen no zanter Jore scho wéinst Sécherheetsproblemer en Dar am An, seet de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng Marco Koeune am RTL-Interview. Hie schwätzt zum Beispill vun enken Trapen, Elektreschinstallatiounen, déi net méi de Sécherheetsnormen entsprach hunn. Alles Saachen, déi gréisser Ëmbauaarbechten bedeit hätten.
Zanter 2022 hätt d'Gemeng scho Saachen ënnerholl, fir d'Proprietären op Sécherheetsverstéiss a Verstéiss géint d'Salubritéitsreegelen hinzeweisen. De Parquet vun Dikrech war mat am Coup an et gouf och Kontrollen op der Plaz.
Dat Dramatescht ass, d'Gemeng huet net méi spéit wéi den 22. Oktober per Arrêt decidéiert, datt d'Pensioun op den 1. Januar d'nächst Joer ee fir alle mol misst zougemaach ginn. Op d'mannst fir eng Persoun kéint déi Decisioun also elo ze spéit sinn.
De Marco Koeune hält drop, datt nom Feier lo kee méi zréck an d'Pensioun dierf. D'Gemeng géif "händeringend" no Méiglechkeete sichen, fir déi Betraffe mënschewierdeg ënner Daach ze kréien.
D'Gemeng ass dowéinst mam Office social a Kontakt a wëll och d'Nopeschgemengen ëm Hëllef froen. D'Stauséigemeng selwer huet nämlech keng Noutlogementer.
Prinzipiell gesäit de Gemengepapp vun der Stauséigemeng déi ganz Politik an der Verantwortung, fir duerfir ze suergen, datt Leit aus sou Kaffiszëmmere mënschewierdeg liewe kéinten.
Wéi vill Leit genee en neit Ënnerdaach brauchen, kann de Buergermeeschter vun der Stauséigemeng iwwregens net soen. Wéi sou dacks an deene Fäll waren net all d'Awunner adequat ugemellt. D'Stauséigemeng selwer weess offiziell vun 9 Leit. An der Pensioun gewunnt hunn der awer méi.
Liest dozou och: