Fir dës Rentrée gouf d'Theaterbranche viru ganz nei Defie gestallt. Déi ganz Programmatioun gouf duerch d'Pandemie op d'Kopp geheit.

Fir d‘Representatiounen un eis nei Normalitéit unzepassen, fléissen an d'Konzeptioun noutgedrongen elo och Facteure wéi "Gestes barrières" mat an. Mee och dat geet.

Wéi gëtt Theater dann elo gespillt, wat gouf sech vun de kreativen Theaterleit afale gelooss a wéi gëtt deenen Haiser gehollef, déi zum Beispill net genuch Plaz hunn, fir den Zuschauer den néidegen Ofstand ze garantéieren?

Mir waren op verschidden Theaterbünen am Land kucken, wéi ee sech upasst.