“Women in War”Pulitzer-Präis-Krichsjournalistin stellt zu Esch aus

Annick Goerens
"Women in war", sou heescht déi nei Expo vun der renomméierter Fotojournalistin Lynsey Addario, déi een nach bis Enn des Joers am Resistenz-Musée zu Esch ka kucken goen. D’Annick Goerens huet fir den Optakt vun der Ausstellung mat der zweefacher Pulitzer-Präis-Gewënnerin geschwat.

Afghanistan, Irak, Sudan, Kongo, den Noen Osten an d’Ukrain. D’Lynsey Addario fotograféiert zanter iwwer 2 Joerzéngte Konflikter. Hir Aarbecht wier eng bewosst aner Perspektiv zum Bild vum Krich, dat hirer Meenung no ze dacks eesäiteg bleift.

Nei Ausstellung am Escher Resistenzmusée.

“Ech sinn an dësem Beruff meeschtens vu Männer ëmginn, an dat féiert dozou, datt verschidde Geschichten einfach net erzielt ginn – virun allem d’Erliefnisser vun de Fraen. Am Krich konzentréiere mir eis dacks op déi dramatesch Biller vu Kämpf, Feier a Verwüstung, mee do hannendrun ass et ganz wichteg och d’Geschicht vun de Zivilisten ze weisen. An ganz besonnesch vun de Fraen an de Kanner, well si meeschtens déi onschëlleg Betraffen sinn.”

Etheschen Dilemma am Krich: Wei wäit däerf een goen?

De Krich vun esou enger perséinlecher Säit ze weisen an esou no u Leit ze kommen, déi an extrem vulnerabele Situatioune sinn, bréngt och een etheschen Dilemma mat sech. Wéi wäit däerf een mat enger Kamera goen?

“Wann ech op eng Plaz kommen, wou zum Beispill grad eng Granat ageschloen ass – wéi bei der Famill an der Ukrain, déi op der Bréck ëmbruecht gouf – dann ass mäin Zil, dës Momenter op eng respektvoll Aart a Weis festzehalen. Et geet drëm, d’Integritéit vun de Leit ze garantéieren. Ech wëll net sensationalistesch sinn, mee ech muss dokumentéieren. Dofir sichen ech no engem Wénkel, deen net ze graphesch ass, well ech ëmmer am Kapp hunn, datt d’Famill dës Biller spéider gesi kéint.”

Kampf géint d’Ofstumpfung vun eiser Gesellschaft

De Public ass ëmmer méi ofgestumpft. D’Medien wiere voll mat Biller vu Krich, Gewalt an Doud. Vu Filmer iwwer Videospiller bis hin zu de soziale Medien. Genee dofir wier hir Aarbecht och ëmmer méi wichteg.

“Dass mir als Krichs-Fotographen an Korrespondenten higinn an déi méi mënschlech Säit vum Krich weisen, well mäin Zil ass et, dass d’Leit sech mat de Mënsche am Krich kënnen identifizéieren. Et geet drëm, dass ee versteet, wéi wäit sech d’Tentakele vum Krich verbreeden. Et affektéiert d’Leit op all Level. Ech sichen no Geschichten hannert dem Kampf. Wei zum Beispill d’Stierflechkeet vu Mammen – Fraen, déi bei der Gebuert stierwen, well de Krich elementar medezinesch Versuergung zerstéiert huet.”

De Beruff vum Journalist gëtt ëmmer méi geféierlech

Allerdéngs ass de Präis deen d’Krichs-Journalisten dofir musse bezuelen an de leschte Joren dramatesch geklommen: “D’Journalisten ginn ëmmer méi selwer zur Zilscheif. Vill Journaliste sinn an de leschte Jore wärend hirer Aarbecht gestuerwen. Iwwer 200 eleng an der Gazasträif. Wat d’Gefor fir d’Journaliste méi an d’Luucht geet, wat d’Medienhaiser manner Leit op den Terrain schécken, well si net wëllen haftbar gemaach ginn, fir hiren Doud.”

No iwwer 20 Joer a Krichsgebidder huet Lynsey Addario virun allem eng Saach ëmmer nees iwwerrascht: déi aussergewéinlech Resilienz vu Fraen. Vill vun hinne verléieren hir Kanner, hir Partner, hiert Doheem. An trotz allem weise si eng enorm Kraaft: de Courage an de Wëllen, weiderzemaachen an no vir ze kucken.

D’Expo “Women in War” kann een nach bis den 20. Dezember am Resistenz-Musée zu Esch kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO