Den Däiwel a sengen ënnerschiddleche Gestalten
"L'homme gris" ass den Titel vun der Expo am Casino an der Stad. Mam Thema "Däiwel" hu sech 21 Kënschtler an enger Gruppenausstellung auserneegesat.
Datt den Däiwel bei Wäitem méi ass wéi just eng grujeleg Gestalt mat zwee Haren, huet sech konsequent duerch déi lescht Joerhonnerten an eiser Gesellschaft bemierkbar gemaach - den Däiwel als Symbol vum Béisen.
De groe Mann – den Titel vun der Ausstellung ass inspiréiert um literaresche Wierk „Peter Schlemihls wundersame Geschichte". Hei geet et ëm e Mann, deen e fatalen Deal mam Däiwel ageet: Hie gëtt him säi Schiet a kritt dofir onendlech Gold. Den Däiwel weist sech hei an der getarnter Form vum groe Mann. Camouflage ass deemno och e gutt d'Stéchwuert fir d'Ausstellung.
Kevin Muhlen – Direkter Casino: „Mir wollten eng Ausstellung iwwert den Däiwel, mä net den typeschen Däiwel, wéi ee sech e virstellt, dat heescht, et gesäit een weder kleng rout Däiwelcher, nach Gestalten, déi hallef Mënsch hallef Déier sinn. An der Ausstellung gesäit ee ganz aner Forme vum Däiwel, vum Béisen oder vun deem Konzept vum Béisen, déi d'Kënschtler hei op ganz verschidde Manéieren traitéieren."
Den Däiwel stoung schonn ëmmer symbolesch fir dat Béist – d'Artiste geheien deemno an der Ausstellung en zäitgenëssesche Bléck op eng Thematik, déi scho sou al ass wéi d'Mënschheet. Och wann d'Representatiounen an d'Forme vum Däiwel iwwert d'Joerhonnerte variéieren, seng Presenz ass awer ni verschwonnen.
„D'Fro ass: Gëtt et nach sou eng archetypesch Duerstellung vum Däiwel oder ass et einfach vill méi ënnerschwelleg an diversifiéiert a senger Representatioun? Jidderee kéint theoretesch den Däiwel sinn. Déi Fro iwwerdréit sech op verschidden Aspekter, vum politeschen Däiwel, gesellschaftlechen Däiwel bis hin zu engem ideologeschen Däiwel."
Den Däiwel a Persoun – sou kéint ee wuel am Beschten ee Raum an der Ausstellung beschreiwen. 6 verschidde Kënschtler hunn 1 Representatioun vum Nazi-Dokter Joseph Mengele realiséiert.
„Et gesäit een hei déi selwecht Persoun, mä ganz verschidde Portraiten. Eng objektiv Representatioun gëtt et net wierklech, et ass alles ganz subjektiv. Dem Kënschtler seng Persoun a seng Gefiller komme mat eran. Den „Homme gris" verschwënnt da bemol an der Mass an et kéint am Fong egal wien sinn - e Politiker oder eng aner Persoun. Datt et elo wierklech de Joseph Mengele ass, gesäit een net direkt."
„L'homme gris" werft verschidde Blécker op eng Figur, déi sech an hirer Bedeitung ni verännert huet. D'Bedeitung vum Béisen, déi sech a ville Manéiere bemierkbar mécht an ëmmer aktuell bleift.