Et wär en eemolegt Erliefnis, wann dee Film an deen ee mat senger Equipe souvill Aarbecht gestach huet, fir en Oscar an zwou Kategorien nominéiert wär.

A wann een dann och nach live ka mat derbäi sinn, da fillt ee sech schonns wéi e Gewënner, ier d'Oscaren iwwerhaapt verdeelt goufen. A fir iwwerhaapt kënnen un der Zeremonie deelzehuelen, déi e Sonndeg dann och erëm mat reellem Public ofleeft, ginn et streng Reegelen.

Quarantän a Corona-Tester gehéieren zënter de leschten Deeg zum Bernard Michaux vun der Produktiounsfirma Samsa Film sengem Alldag derzou. Ma dat wär et derwäert. An och wann et net déi nämmlecht Méiglechkeete ginn, fir mat anere Filmleit a Kontakt ze komme wéi soss, hätt een awer schonns puer interessant Gespréicher zu Los Angelas kënne féieren. Den RTL-Hollywood Reporter Pit Biwer huet de Bernard Michaux am Virfeld vun der Oscar-Zeremonie zu Santa Monica getraff an och gefrot, wéi eng Chancen de Bernard Michaux dem Film Collective da selwer gëtt.

Nieft der Lëtzebuergesch-Rumänescher Co-Produktioun "Collective" ass och den Animatiounsfilm "Wolfwalkers" vu Mélusine Productions nominéiert. Och wann hei kee selwer zu LA ka present sinn, freet ee sech och hei op d'Nuecht vun e Sonndeg op e Méinden. Wéi hei d'Chancë stinn an ëm wat et an den nominéierte Filmer geet, gesi der an eisem Reportage.

RTL Zwee an RTL Play weisen de Film e Sonndeg, de 25. Abrëll um 20.00 Auer am Original mat däitschen Ënnertitelen. Duerno ass de Replay (3 Versiounen, mat franséischen, däitschen oder engleschen Ënnertitelen) e puer Deeg am Play ze gesinn.

2 Lëtzebuerger Ko-Produktiounen bei den Oscaren
Am Kader vun der Oscarnuecht diffuséiere mer e Sonndeg den an zwou Kategorien nominéierten Documentaire "Collective" um 20 Auer op RTL ZWEE.