
De Luxfilmfest war och nach zu Lëtzebuerg gestart an dunn ënnerbrach ginn, nodeems de Coronavirus sech europawäit ausgebreet hat. Deen een oder anere Lëtzebuerger Professionellen hat de Covid vu Berlin mat heem bruecht, an d’Party no der Presentatioun vum rumänesch- lëtzebuergeschen Documentaire “Collective” (1 Oscar-Nominatioun) war wuel ee vun de ville Covid-Clusterenzu Lëtzebuerg. Duerno wär am Mee Cannes 2020 dru gewiescht, mee un e physesche Festival war dunn net méi ze denken. Cannes huet awer och en digitale Festival refuséiert, well fir si gehéieren d’Filmer net op Internet, mee an e Kinossall; eleng do kënnt e Film richteg zur Geltung. De Festival hat awer eng Selektioun proposéiert, mam Label vu Cannes, mat deem d’Filmer konnte Promo maachen. Aus där Selektioun vun 2020 hunn de Paul Verhoeven (Benedetta) an de Wes Anderson (The French Dispatch) decidéiert, hir Filmer net erauszeginn an op d’Editioun vun dësem Joer ze waarden. Och den US-Realisateur Spike Lee, deen zejoert President sollt ginn, ass dem Festival dëst Joer trei bliwwen.
Aus där virtueller Selektioun vu Cannes konnte mer zu Lëtzebuerg da spéider am Kino ënnert aneren FALLING, DRUNK, ANTOINETTE DANS LES CEVENNES, SLALOM oder elo IBRAHIM a MEDECIN DE NUIT gesinn. Zu Lëtzebuerg waren d’Kinoen jo schonn erëm de 15. Januar 2021 opgaangen, Méint virun onse Nopeschlänner, an de Luxfilmfest konnt och am Mäerz seng Filmer deelweis a Kinossäll weisen.
Do virdrun hat de Festival vu Venedeg vun der kuerzer Covid-Accalmie Ufank September 2020 profitéiert, fir en hallefweegs normale Festival duerchzezéien, mat strikte sanitäre Reegelen, mat ganz wéineg Staren an engem “rouden Teppech”, dee mat enger Holzwand ofgeséchert war. Presidentin war d’Cate Blanchett an de Gëllene Léiw goung un “Nomadland”.

Nom amerikanesche Festival zu Deauville, deen och am September nach plus ou moins fonctionéiert huet, an e puer Filmer aus der Cannes-Selektioun gewisen huet, war de Buttek dunn definitiv zou!
2021 huet de Festival vu Berlin am Februar just nach digital, also ouni iergendeng physesch Projektioun oder Presenz op der Plaz stattfonnt (Gëllene Bier: déi lëtzebuergesch-rumänesch Koproduktioun (nees eng Kéier!) “Bad Luck Banging Loony Porn”. An och an den USA ass net méi vill gelaf.
De Festival vu Cannes, dee vum Mee op de Juli 2021 verluecht gouf, wäert elo deen éischte grousse Festival sinn, dee quasi normal erëm iwwert d’Bün geet. Allerdéngs och mat munche Restriktiounen. Ab dem 30. Juni däerfe jo a Frankräich d’Kinossäll erëm ganz gefëllt ginn, awer nach ëmmer mat Mask, eppes wat gréisstendeels genau esou wéineg hei praktizéiert a kontrolléiert gëtt, wéi zu Lëtzebuerg! Am Géigesaz zu de franséische Kinoen ass awer zumindest d’Iessen an de Festival-Säll zu Cannes verbueden. A wien net voll geimpft ass a keen europäesche Certificat huet, muss all 2. Dag Queue stoe fir e PCR-Test. En absolutte Novum fir de Festival ass och déi obligatoresch Plazreservatioun fir d’Press, soi-disant fir d’Queuen ze evitéieren. Et muss een da gutt organiséiert sinn, a “last minute” Decisiounen, dësen oder dee Film nach séier kucken ze goen, si wuel kaum méi dran. Do ass vill Ierger an Duerchernee virprogramméiert, well trotzdeem d’Hierarchie vun de verschiddene Pressebadger soll respektéiert bleiwen. Naja, dat wäert nach spannend ginn, mee dat ass ëmmerhi besser wéi kee Festival, oder e Festival op Internet!
An onsem nächste Blog stelle mer Iech d’Programmatioun vum Festival vir, deen en Dënschdeg ugeet. An déi gesäit wierklech héichinteressant aus... mat enger Lëtzebuerger Presenz wéi se nach ni do war!