Am Mäerz 1996 ass den Uelzechtkanal déi éischt Kéier op Sendung gaangen. Zanterhier hu Generatioune vu Schüler un den Emissioune matgeschafft an dobäi praktesch Erfarunge gesammelt – vum Ausschaffe vun engem Thema, iwwer d'Organisatioun an d'Filmen, bis hin zum Schneide vun de Reportagen. Wat deemools als Schoulprojet ugefaangen huet, ass haut feste Bestanddeel vun der Medielandschaft. Esou entsteet all Mount, ënnert der Opsiicht vun dräi Enseignanten, e Programm vun enger Stonn, deen ënnert anerem bei eis op der Tëlee diffuséiert gëtt.
“Ze gesinn, mat wéi enger Begeeschterung déi Jonk haut nach mat dru schaffen, weist eis wéi vill Spaass d’Medie kënne maachen”, esou den Gianni Mersch, deen zesumme mam Noémie Borges a Christian Welter den Uelzechtkanal leed. Hie selwer ass schonn zanter 20 Joer dobäi, an huet sech fir den 30. Gebuertsdag vun der Lokal-Tëlee eppes Spezielles afale gelooss: hien huet den Uelzechtkanal op den Times Square bruecht!
Mat senge risegen Ecranen a Liichtreklamme matzen a Manhattan zu New York, gehéiert den Times Square zu enger vun de bekanntste Plazen op der Welt. An op engem vun dësen Ecranen ass e Video vum Uelzechtkanal gelaf. E Clip vu 15 Sekonnen, ee Mol d'Stonn, an dat wärend 24 Stonnen. "Dat hunn ech op meng eegen Initiativ gemaach, d'Kolleege vum Uelzechtkanal woussten dat och net", erkläert den Gianni Mersch. Hien huet de Clip selwer zesummegeschnidden an ee Slot op engem Billboard kaaft. Wärend sengem Openthalt zu New York, huet hien dunn e Video dovun opgeholl a weider verschéckt. D'Iwwerraschung wier perfekt gewiescht.
Den 20. November gëtt de ronne Gebuertsdag vum Uelzechtkanal dann am Festsall vum LGE grouss gefeiert.