
D’Expo Post-Capital: Art and the Economics of the Digital Age weist Skulpturen, Tableauen, Fotoen a spezial Performancen, déi sech mat der Natur vun der Produktioun, dem Konsum an dem Wuelstand befaassen.
D’Ausstellung huet hiren Titel vum Buch “Post Capital Society” vun 1993 an deem steet, datt d’Auswierkung vun der Informatiounstechnologie op den Aarbechtsmarché esou grouss wäert sinn, datt 2020 de Kapitalismus géif kippen.
Haut hu sech Aarbecht, Wärungen, Wueren a Konsum duerch d’Entwécklung vun den Technologie verännert. 21 Artiste beschäftege sech an dëser Ausstellung mam Thema, dorënner och den Englänner Robert Hiorns, deen dofir e sowjetesche Jet am Grand Hall vum Mudam installéiere gelooss huet.

Am Kader vun der Ouverture presentéiert déi kroatesch Kënschtlerin Nora Turato eng Spoken-Word-Performance “What is dead may never die”, den 2. Oktober um 15 Auer. Si gebraucht Konsum-Artikelen, Gespréicher, Ënnertitelen, Publicitéits-Sloganen als Skripter fir Bicher, Videoen, Biller, Installatiounen a geschwaten Texter.

Fir d’éischte Kéier presentéiert de MUDAM zwou Wochen laang (3.10 - 17.10.) eng Performance Season, déi sech op zäitgenëssesch Konscht referéiert. Fir d’Expo The Illusion of the End sinn international renomméiert Artisten aus Däitschland, Italien, Polen, Russland an d’Schwäiz am MUDAM a léisen d’Grenzen tëscht Theater, Danz a Konscht op.
