Den Oscar Leone an d'Sophie Mousel maachen zesumme Musek
Si spille souguer mam Gedanken, dat an Zukunft och reegelméisseg ze maachen.
Rocklab Pop-Up Sessions: sou heescht deen aktuelle Projet vun der Rockhal, wou et drëms geet, déi Lëtzebuerger Kënschtler an Toun an a Video professionell opzehuelen. Viru kuerzem souz de Petur Oscar Sigurdsson alias Oscar Leone um Belval am Rockhal-Tounstudio an huet ënnert anerem seng Single Lion, déi hei zu Lëtzebuerg nawell dacks um Radio ze héieren ass, do performed.
Hie war awer net eleng: eng charmant Begleedung souz um Piano an dat war keen anert ewéi d’Sophie Mousel. Si huet d'Elsa Ley an der Serie "Capitani" gespillt.
LINK: Hei all d'Sessions am Iwwerbléck
Den Oscar Leone war och Invité an der Emissioun No Art on Air. Klickt hei, fir op de Replay ze kommen.