Verständlech also, dass een no sengen Konschtetüden an der franséischer Haaptstad guer net méi heemkënnt, mee einfach do bleift.

Paräis ass eng vun deene beléiftste Stied vun der Welt. Bekannt virun allem och wéinst der Panoplie u Monumenter an dem eenzegaartege Charme vun de Paräisser Gaassen. Et ass an engems och schonn ëmmer eng Quell vun der Inspiratioun fir vill bekannte Schrëftsteller a Kënschtler gewiescht. An ass et bis haut bliwwen.

Verständlech also, dass een einfach do bleift. Sou geschitt ass dat dem Elisabeth Calmes. Zanter de 70er Joren nennt si Paräis hiert Doheem, mee ass awer ëmmer hiren lëtzebuergeschen Originnen trei bliwwen. An dat spigelt sech och an hirer Konscht zréck. Si stellt nämlech och ëmmer nees hir Wierker hei am Grand-Duché aus. An och hir Duechter huet si op Lëtzebuergesch a Franséisch erzunn. Déi jonk Fra ass grad wéi hir Mamm am Kënschtlermilieu ënnerwee. Dobäi jongléiert d’Claire Leydenbach, besser bekannt ënnert hirem Kënschtlernumm Anita Gretsch, mat Wierder an net mat Faarf. Si ass Schrëftstellerin, schreift hir Bicher gréisstendeels op Franséisch an huet 2017 de Lëtzebuerger Literatur-Präis gewonnen.

Mir waren de Mamm-Duechter-Duo op Paräis besichen.