Et ass latäinamerikanesch Musek made in Luxembourg. Mam neien Album "Adiós Nonino" bréngt de Stephany Ortega Trio den Tango zréck op d'Bün.

Geéiert ginn d'Wierker vum Astor Piazzolla.

Mat der dominikanescher Sängerin Stephany Ortega, dem Christophe Delporte um Akkordeon an dem Adrien Tyberghein um Kontrabass produzéiert de Stephany Ortega Trio e modernen Tango, dee klassesch Musek mat zäitgenësseschen Elementer an elektronesche Kläng verbënnt. Den 10. Oktober feiere si hir offiziell Release-Party am Trifolion zu Iechternach an dat am Kader vum Echter’Classic Festival.

«Adiós Nonino» ass eng Hommage un den argentinesche Komponist Astor Piazolla, deen an de 1950er Joren den traditionellen Tango revolutionéiert an de modernen "Tango Nuevo" geformt huet. De Stephany Ortega Trio probéiert, eng nei Interpretatioun vum Pazziolla senge Wierker ze schafen, déi déi emotional Déift vum Tango op eng nei an dynamesch Manéier opliewe léisst. Mat senger markanter Stëmm begleet d’Sängerin vum Trio d’Nolauschterer op eng musikalesch Rees voller Melancholie, Romantik a Passioun, déi Instrumental duerch Akkordeon a Kontrabass verstäerkt gëtt.

RTL

Den Titel "Adiós Nonino" ass eent vum Piazzolla senge bekanntste Lidder aus dem Joer 1959. Domat ass vu vir era kloer, dass den neien Album ganz am Liicht vum Komponist sengem Wierk steet. Beim lauschteren, bemierkt een allerdéngs direkt déi eenzegaarteg Interpretatioun vum Stephany Ortega Trio, déi probéiert, d’Nostalgie vum Original ze erhalen, mee dat Ganzt och un e moderne Publik unzepassen.

Produzéiert gouf den neien Album zesumme mam Luxembourg Classics Label, deen 2024 fir déi éischte Kéier Musek produzéiert huet. Als non-profit Organisatioun steet de Fokus bei luxembourg Classics op klassescher Musek, déi qualitativ héichwäerteg ass an aus Lëtzebuerg kënnt.
 
De Stephany Ortega Trio feiert den offizielle Release vun hirem neien Album "Adiós Nonino" dësen Donneschden Owend um 20 Auer am Trifolion zu Iechternach. Tickete fir hire Concert kritt een ab 1,50 Euro mam Kulturpass, oder fir 35 Euro am Normaltarif. 
 
Weider Informatiounen iwwert den Trio a seng Optrëtter fannt dir hei.