Lëtzebuerger Kënschtler zu Mons an der Belsch
Ronn 240 Kilometer vun eiser Haaptstad ewech treffe mir de Lëtzebuerger Kënschtler Laurent Turping. De Sculpteur schafft mat Holz, an hëlt an der belscher Stad Mons un enger Ausstellung vu lëtzebuergeschen a belschen Artisten Deel.
Et ass eng Première fir de Laurent, dass hie seng Konscht perséinlech baussent eise Grenze weist. Et wier him wichteg gewiescht, aktiv bei der Ausstellung dobäi ze sinn. "Fir just Skulpturen an e Container ze setzen, a se ginn an d’Ausland op ee Vernissage, dat geet mir net duer", esou de Kënschtler, "an ech fannen d’Presenz vun engem Artist ass wichteg."
Viru 15 Joer huet de Laurent ugefaangen, Konscht ze maachen. A senger Fräizäit – also Weekends an Owes no der Aarbecht am Finanzsecteur – schafft hien u senge Skulpturen aus Holz. Säin Aarbechtsoutil ass d’Motorsee.
"Mat der Kraaft gëtt do Matière ewechgeholl. A bewosst gëtt et herno net geschlaff. Mir Mënsche sinn och net glat. Mir kréien och eis Falen am Alter, oder mir hu scho Falen. An dat ass dat, wat mir ganz wichteg ass. Ech fannen, et ass och dat wat der Skulptur Charakter gëtt."

Nieft dem Laurent senger Aarbecht, gesäit een an der Expo och d'Wierker vun 13 weidere Kënschtler aus Lëtzebuerg. Dorënner d’Carine Mertes vun Diddeleng, déi mat Filz schafft. Si ass aus dem Grand-Duché an d’Belsch gereest, fir d’Ausstellung am Ale Schluechthaus ze besichen. E Gebai, wat am 19. Joerhonnert gebaut an 2006 an ee Kulturhaus ëmgewandelt ginn ass. Et wier eng impressionant a bal magesch Plaz, fënnt d’Carine. An och d’Doris Becker an de Pit Molling, déi mat hire Wierker zu Mons vertruede sinn, freeë sech iwwer d’Méiglechkeet, hei ausstellen ze kënnen. "Et gëtt ee gesinn, domat gëtt ee wierklech valoriséiert, an dat huet ganz oft en Effet op de Verkaf vu sengen Aarbechten", erkläert de Pit Molling.
Bei der Expo "Mystesch" maachen och 12 belsch Kënschtler mat. Et geet – wéi den Numm et seet – ëm déi mystesch Säit vun dësen zäitgenëssesche Kreatiounen. D’Ausstellung ass vun der belscher Associatioun "Be Craft" a vun der Lëtzebuerger ASBL “De Mains de Maîtres” organiséiert. Hiert gemeinsaamt Zil ass d’Valorisatioun an den Erhalt vum Konschthandwierk.
Fir de Vernissage sinn dann och zwee héichrangeg Gäscht aus Lëtzebuerg komm: déi ierfgroussherzoglech Koppel. Si waren et, déi 2017 den Ustouss ginn hunn, fir “De Mains de Maîtres” ze grënnen, an esou dem Lëtzebuerger Konschthandwierk eng wichteg Plattform ze ginn. Fir d’Prinzessin Stéphanie ass dëst Evenement och eng Geleeënheet, zréck an dat Land ze kommen, an deem si op d’Welt komm ass.

"C’est vraiment ma région ici, j’ai grandi à une demi-heure, trois-quarts d’heure de Mons. Ça fait maintenant 12 ans que je suis au Luxembourg, et je me sens tout à fait Luxembourgeoise, mais on garde toujours un petit peu du terroir dans lequel on a été imprégné pendant son enfance. Et de pouvoir amener et faire découvrir aux Luxembourgeois tout ce que les Belges font, et puis de pouvoir faire découvrir surtout à la Belgique ce que nous au Luxembourg on est capable de produire, et de voir que le résultat et si réussi, ça me rend très fière et heureuse."
Bis de 16. Februar ass d’Ausstellung “Mystesch” nach ze gesinn.