Lëtzebuerg mat 5 Koproduktiounen op Berlinale representéiert

D'Sophie Mousel am Film Der Kuss des Grashüpfers / © Borris Kehl
Ganzer fënnef Filmer Lëtzebuerger Bedeelegung sinn dëst Joer bei der 75. Editioun vum Internationale Filmfestival zu Berlin dobäi.
D'Filmer La Cache, Reflet dans un diamant mort an Timestamp goufen, wéi de Lëtzebuerger Filmfong matdeelt, fir déi offiziell Kompetitioun ausgewielt, wärend Confidente an Der Kuss des Grashüpfers an de Sektioune Panorama respektiv Forum vertruede sinn.
Dernieft ass d'Lëtzebuergerin Vicky Krieps am de Film Hot Milk vertrueden an d'Désirée Nosbusch féiert als Maîtresse de cérémonie zu Berlin duerch déi 75. Editioun vun der Berlinale, déi vum 13. bis den 23. Februar geet.
De Film La Cache, bei deem de Schwäizer Lionel Baier Regie gefouert huet, ass eng Koproduktioun tëscht Lëtzebuerg (Red Lion), der Schwäiz a Frankräich. Den Acteur Michel Blanc, deen am Oktober zejoert gestuerwen ass, hat seng lescht Roll am Film.

La Cache / © Véronique Kolber
Reflet dans un diamont ass eng Koproduktioun vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Les Filmes Fauves, der Belsch, Italien a Frankräich.

Reflet dans un diamont mort / © Dossier de presse / Film Fund Luxembourg
Timestamp vun der ukrainescher Regisseurin Kateryna Gornostai ass eng Koproduktioun tëscht Lëtzebuerg (a_BAHN), der Ukrain, Holland a Frankräich.

Timestamp / © Dossier de presse / Film Fund Luxembourg
De Film Confidente, deen an der Kategorie Panorama selektionéiert gouf, ass eng Koproduktioun vun der Lëtzebuerger Firma BIDIBUL PRODUCTIONS, Frankräich an der Tierkei. Regie gefouert huet déi tierkesch-franséisch Koppel Çağla Zencirci a Guillaume Giovanetti.

Confidente / © 4BIS
Beim Film Der Kuss des Grashüpfers an der Kategorie Forum huet ënnert anerem och d'Lëtzebuerger Actrice Sophie Mousel matgespillt, den Elmar Imanov huet Regie gefouert. D'Koproduktioun ass vun der Firma WADY FILMS aus dem Grand-Duché, Däitschland an Italien.

Timestamp / © Dossier de presse / Film Fund Luxembourg