Desirée Nosbusch presentéiert hire Long-Métrage "Poison"
“Eist Désirée” kenne mir bis ewell als Actrice an als Animatrice. Neierdéngs ass d'Désirée Nosbusch awer och Realisatrice.
“Poison” heescht hiren éischte Long-Métrage, an deem zwee international bekannten Acteure matspillen. Um LuxFilmFest gouf de Film presentéiert.
“Poison” erzielt d’Geschicht vun Elteren, déi sech zéng Joer nom trageschen Doud vun hirem Fils op engem Kierfecht erëmgesinn. Keen einfache Stoff also, zemools fir e Regie-Debut.
Désirée Nosbusch: “Ech hunn ëmmer fonnt, datt et zwou Paraderolle fir zwee Schauspiller sinn, an datt et einfach e Stoff ass mat engem Theema, dee mech ganz déif beréiert huet. Ech hat seelen eppes gelies, wat esou subtil, richteg, a genau mat deem Thema Trauer ëmgeet.”
De Film baséiert op engem Theaterstéck mam nämmlechten Numm. Fir d’Trine Dyrholm, déi selwer vill Theater-Erfarung huet, ass déi Influenz och am Film ze spieren.
Trine Dyrholm: “Wann een e Film mécht, hëlt eng laang Zeen normalerweis dräi Säiten am Skript. Hei waren et der 13!
Déi laang Zeenen hu mir an engem Take gespillt. Dat gëtt engem d’Gefill, dass een de Moment wierklech kann exploréieren.”
De Kierfecht, op deem de Film bal ganz gedréint gouf, ass zu Veianen. Den Tim Roth, dee vill mat Regisseure wéi dem Quentin Tarantino schafft, an deen ee vläicht och aus der Serie “Lie to Me” kennt, huet et genoss, zu Lëtzebuerg ze schaffen.
Tim Roth: “Et hat eppes ausser-weltleches de Film an där Emgéigend ze dréinen. Ech hat vill Freed um Projet! An ech géing Iech och soe wann et net esou gewiescht wier! Ech schaffen och gär mat neie Regisseuren, an et war e schwéiere Film. Hoffentlech hu mir eppes gemaach, wat de Leit wäert gefalen!”
Fir den Tim Roth krut de Sujet vum Film nach eng aner Dimensioun. Wärend dem Tournage gouf hie gewuer, dass säi Jong schwéier u Kriibs erkrankt ass. Nodeems d’Dréiaarbechte fäerdeg waren, ass dem Roth säi Fils gestuerwen. Fir hie war dat awer kee Grond, d’Aarbecht um Film ofzebriechen.
Tim Roth: “Et war eng schwiereg Zäit fir eis Famill, eise Fils war zu deem Moment immens krank. Hie wollt awer, dass ech de Film maachen. Ech hunn et also och fir hie gemaach, a fir meng Fra.”
“Poison” ass eng Produktioun vun der Lëtzebuergescher Produktiounsfirma Deal Productions.