Den Illusionist feiert säi Jubiläum zu Lëtzebuerg
Zanter engem Véierels Joerhonnert steet den Illusionist David Goldrake elo op der Bün.
Fir dës 25 Joer ze feieren, ass hie vu Las Vegas op Lëtzebuerg komm an huet de " Best of Vegas" dem lëtzebuergesche Public gewisen an en esou mat an eng magesch Welt voller Illusiounen entféiert.
Säi Wee am Laf vu senger Karriär war net ëmmer deen einfachsten, den David huet sech ëmmer a Fro gestallt. Ma haut gesäit hien, dass et u sech dat war, wat him zum Erfolleg verhollef huet. Säi Motto ass, dass een ni dierf opginn am Liewen. Wann een eppes gäre mécht, da soll een ëmmer weider maachen, fir esou seng Dreem ze verwierklechen.
Mir kucke mam David Goldrake op seng Karriär zeréck. Hien erkläert eis de Kontrast tëscht Lëtzebuerg an de States, an erzielt eis vu sengen Zukunftspläng.