
3 Froen un d'Réjanne Nennig, Chef de département vum Service Culturel vun der Stad Déifferdeng...

Comedy&Blues, well all Kulturzenter hei am Süden sech e bëssi eng Spezialitéit erausgesicht huet. Déifferdéng ass d’Blues-Stadt par excellence duerch de Blues Express an och seng Blues Schoul, där et soss néirens eng am Land gëtt. Als Pendant zu der Musik hu mir eis op "Stand-Up Comedy" spezialiséiert, well dat e Genre ass, deen net esouvill vertrueden ass hei am Land, an dee ganz villfälteg ass an doduerch e grousse Publikum usprécht.

2. Wat soll een an der neier Saison net verpassen?
Yves Duteil - Comedy-Festival "L'essentiel du Rire" - Sarah McCoy
Dës dräi Eventer sinn d’Highlights an der Musik (Chanson française a Blues) a natierlech de Festival, well een do an enger Woch esou vill Stand-Up gebuede kritt, wéi soss an engem hallwe Joer.

Blanche Gardin - eng franséisch Humoristin, déi e ganz speziellen Humor an och eng ganz aner Aart a Weis huet fir hir Witzer z'erzielen wéi all di aner. Meeschtens trëtt si a vill méi grousse Säll op, mä dat motivéiert eis dofir eréischt richteg. A si huet schonn zweemol de "Molière de l’Humour" kritt, wat an deem Genre zimlech exceptionnel ass.
D'Visittekaart vum Haus:
Numm: Aalt Stadhaus Déifferdeng
Plaz: 38, avenue Charlotte L-4530 Differdange
Alter: 2014 (1847 als Schoul gebaut ginn)
Gréisst: 201 Sëtzplazen