Wéi LegoAl däitsch Kierch gëtt Briet fir Briet relokaliséiert

RTL Lëtzebuerg
Déi hëlze Kierch gouf 1905 am nordesche Stil opgeriicht an ass nach just eng vun 3 esou Kierchen an eisem Nopeschland.
© John MACDOUGALL/ AFP

Dës speziell Kierch, och mat engem Draachenornament um Daach, soll elo relokaliséiert ginn. Si stoung ausserhalb vum Duerf an engem Bësch als Kierch vun enger Klinik fir Leit, mat Longekrankheeten. Dës Klinik gëtt awer zanter 2009 net méi genotzt an esou huet och d’Kierch keen Notze méi. An de leschte Méint a Jore ass se da lues a lues verfall oder dem Vandalismus zum Affer gefall. Mat Chance gouf se net vun engem Feier erfaasst, deen dat aalt Gebai vun der Klinik zerstéiert huet.

Deemools koum dann och d’Iddi, datt een eppes misst maachen, éier d’Kierch a sech zesummefält, sot d’Regina Bierwisch vun der Associatioun, déi d’Kierch zu Stiege rette wëll.

D’Iddi ass u sech einfach. Wéi Lego d’Kierch einfach komplett ofmontéieren an op enger anerer Plaz am Duerf nees opriichten. Méi schwiereg war dann d’Ëmsetzung, well een als éischt emol eng Autorisatioun dofir gebraucht huet, een eng nei Plaz huet misste fannen an ee sech huet missten iwwerleeën, wéi een d’Kierch vun A op B géif kréien. E weidere gréissere Faktor waren d’Suen, well dëse Projet kascht ronn 1,1 Milliounen Euro.

Vun de lokalen an de regionalen Autoritéite gouf d’Iddi als éischt als “Verréckt” ofgestempelt, ma lues a lues konnten d’Leit vun der Associatioun och si dovunner iwwerzeegen. D’Sue fir de Projet koumen aus verschiddenste Quellen zesummen, dorënner och Fundraising. An och déi regional Autoritéiten hu sech dru bedeelegt, si hunn der Kierch eng Plaz am Duerf zu Verfügung gestallt, déi fir de symboleschen Euro Kaf gouf. Fir de selwechte Präis konnt een d’Kierch kafen, dat vun enger Immobilière vu Berlin, déi am Besëtz vum Grondstéck ass.

An esou konnt een dunn Enn 2020 endlech mam Projet ufänken. Am November gouf op der neier Heemecht vun der Kierch de Grondsteen geluecht a vum Mäerz u wäert een d’Kierch Briet no Briet ofbauen an nees am Duerf, eng 5 Kilometer ewech, opriichten. D’Associatioun erhofft sech, datt d’Kierch als Plaz fir d’Leit am Duerf genotzt wäert ginn an datt se vläicht och Touristen an d’Regioun lackelt.

De Grënner vun der Associatioun, déi sech fir den Erhalt vun der Kierch asetzt, den Hans Powalle, gleeft iwwregens net u Gott. Hie wéilt och d’Kierch guer net dowéinst retten, ma de pensionéierten Elektriker war nach ëmmer vun der eenzegaarteger Architektur vum Gebai faszinéiert. Et géif d’Regioun ëm d’Harz-Bierger erëmginn.

Back to Top
CIM LOGO