
Den zweete Präis goung un d'Tomoe Inomata aus Japan, déi mam Publikumspräis ausgezeechent gouf, an déi drëtt Plaz un den Ae Shell Nam aus Südkorea. Eng Prime de participation kruten d'Anna Ivanova an de Marcin Kucharczyk.
Am Kader vum reguläre Programm vum Diddelenger Uergelfestival spillt d'Gewënnerin Anastasia Kovbyk 2020 e Concert.
Nieft dem Bernard Foccroulle (Belsch), soutzen och d'Monica Melcova (Spuenien), de Kay Johannsen (Däitschland) an de Paul Breisch (Lëtzebuerg) an der Jury.