Nordrhein-WestfalenAuszeechnung fir de Lëtzebuerger Theatermécher Frank Hoffmann

RTL Lëtzebuerg
De Frank Hoffmann ass ee vu 14 Bierger, deen de Landesverdienstorden vum Bundesland Nordrhein-Westfalen krut.

De Freideg, 23. August, huet de Ministerpresident Armin Laschet 14 Persoune mam "Verdienstorden" ausgezeechent, déi eng Virbildfunktioun fir d'Awunner géingen duerstellen. Am Schlass Nordkirchen, am südleche Münsterland, gouf zu Éiere vum 73. Gebuertsdag vum Bundesland gefeiert.

Vill vun den nominéierte Persounen hunn d'Konscht- an d'Kulturlandschaft an Nordrhein-Westfalen onermiddlech ënnerstëtzt. Zu deene gehéiert och de Lëtzebuerger Dr. Frank Hoffmann, Theatermécher a Regisseur, well hie vun 2004 bis 2018 d'kënschtleresch Leedung vun de "Ruhrfestspiele" iwwerholl hat. D'Event zielt zu de gréissten a renomméiertsten Theaterfestivaller a ganz Europa.

Aner bekannte Leit, déi sech de Landesverdienstorden dëst Joer verdéngt hunn, sinn de Radio- a Fernsehmoderator Götz Alsmann, de Kënschtler Gunter Demnig an d'Lena Strothmann, déi éischt Presidentin vun der Chambre des métiers an Ostwestfalen.

Zanter 1986 si schonn 1.638 Männer a Frae mat dësem Uerde geéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO