An engem Duerf am Éislek gëtt en doudege Kierper vun engem jonke Meedche fonnt. E mysteriéise Mordfall, an deem den Enquêteur Luc Capitani soll ermëttelen.
D'Serie Capitani leeft an 12 Episoden, den 1. Oktober geet et lass. An e Mëttwoch den Owend war d'Avant-première am Kinepolis, dat am Kader vun de Film Days.
Wärend 4 Deeg konnt ee fir e speziellen Tarif verschidden Avant-premièrë kucken goen an dorënner eben och déi vu Capitani.
Mir hunn an deem Kontext mam Produzent Claude Waringo vu Samsa iwwert den Opwand vu "Capitani" geschwat an den Trend, fir och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Serien ze dréien.