Ënnert den Artisten, déi sech virun der Jury präsentéieren, sinn e puer bekannte Gesichter, déi ee schonn aus vergaangenen Editioune kennt. Wéi den Hugo One, den Andrew The Martian an d'Daryss, déi schonn d'lescht Joer zesumme mam Eva Marija an der Finall stoungen.
Et sinn awer Kënschtler dobäi, déi een nach net op enger LSC-Bün gesinn huet.
Wéi schonn déi Jore virdru mussen e puer Krittären erfëllt ginn, fir kënne Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest ze vertrieden. Et muss een entweder d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, e Lëtzebuerger Resident sinn oder staark verbonne mat der Lëtzebuerger Musek- a Kulturzeen sinn. 70 Prozent vun de Kandidaten hunn eng Lëtzebuerger Nationalitéit oder déi duebel Nationalitéit. Eng 20 Prozent si Lëtzebuerger Residenten an eng 10 Prozent falen ënnert de Krittär vun enger staarker kultureller Verbindung.
Och um Samschdeg wäerte sech nach de ganzen Dag iwwer Artiste virstellen. Wien eng Ronn virun ass, wäert dir de Méindeg op all eise Plattforme gewuer ginn.