D'Auditioune fir den LSC 2027 hunn ugefaangenWie kënnt nom Eva Marija?

Lea Schwartz
80 Artisten hu sech dëst Joer fir de Luxembourg Song Contest ugemellt. Dat si bal 50 Prozent méi wéi déi lescht zwee Joer. Dat kéint sech duerch de liicht verännerte Selektiounsprozess erklären.
Nom Tali, dem Laura Thorn an dem Eva Marija gëtt en neien Artist gesicht, dee Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2027 representéiere kann.
© Massen Photography

Vum 16. bis den 18. Oktober sinn déi éischt Auditioune fir de Luxembourg Song Contest am RTL-Gebai.

Déi 80 Kënschtler kënne sech virun enger Jury presentéieren. De gréissten Ënnerscheed zu de Jore virdrun: D'Kandidaten musse net mat engem fäerdege Lidd fir de Luxembourg Song Contest untrieden. Si kënne sech eleng als Sänger presentéieren. Lidder kënnen zu dësem Zäitpunkt ëmmer nach eragereecht ginn.

Fir kënnen als Sänger unzetrieden, mussen d'Artisten e puer Krittären erfëllen: Si mussen d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, e Lëtzebuerger Resident sinn zanter op d'mannst dräi Joer oder op eng aner Weis eng Verbindung zu der Lëtzebuerger Kultur- a Musekszeen hunn.

Wat genau geschitt dëse Weekend?

Fir dës éischt Phas vum Selektiounsprozess wäerten d'Kandidaten op hire Gesang, hir artistesch Identitéit an hiert Optrieden op der Bün bewäert ginn. D'Jury wäert dëse Weekend eng éischt Selektioun maachen an déi Kënschtler weider loossen, déi dës Krittären am beschten erfëllen. Wien eng Ronn weiderkënnt, wäert een e Méindegmëtteg op all eise Plattformen gewuer ginn.

Wéi geet et duerno weider?

Parallel zu der Auswiel vun Artisten leeft dëst Joer d'Aschreiwung vun de Lidder. Et kënne souwuel lokal, wéi och international Kënschtler Lidder fir de Luxembourg Song Contest 2027 erareechen. Och d'Artisten, déi et duerch déi éische Selektiounsronn gepackt hunn, sinn agelueden eege Lidder ze proposéieren. Bis elo si scho méi wéi 300 Lidder erakomm a bis den 29. Oktober kënnen weider Lidder dobäi kommen. Dann ass och dee Prozess ofgeschloss.

Déi zweet Phas vum Selektiounsprozess sinn déi sougenannten "Pairing Workshops". Hei treffen d'Preselektioun vun den Kandidaten op d'Preselektioun vun de Lidder. Den Zweck vun dësem "Pairing Workshop" ass et fir déi bescht Kombinatioun aus Artist a Lidd ze fannen fir eng staark Performance mat héijem Eurovision-Potential fir Lëtzebuerg ze fannen.

All Phas gëtt vun Eurovision-Experten suivéiert. Wien dat genee ass, wäert am Laf vum Prozess ugekënnegt ginn. Déi final Auswiel fir de Luxembourg Song Contest wäert Mëtt November publik gemaach ginn.

De Luxembourg Song Contest ass dëst Joer, den 30. Januar 2027 an der Rockhal. Tickete fir d'Show wäert een Ufank Dezember kafe kënnen. De Gewënner vum Luxembourg Song Contest wäert wéi déi Jore virdrun, Lëtzebuerg um nächsten Eurovision Song Contest vertrieden.

Back to Top
CIM LOGO