
De Ramsey, gebuer 1931 zu Cincinnati (Ohio), huet Ugangs den 1950er säi Militärdéngscht an Däitschland absolvéiert a gouf uschléissend mat Titelen ewéi “Souvenirs” an “Ohne Krimi geht die Mimi nie ins Bett” bekannt.
Dobäi koumen eng 30 kleng Filmrollen, ënnert anerem am “Café Oriental” (1962) oder am Tatort “Ausgespielt” (1997).
Seng grouss Passioun war awer ëmmer den Jazz. Och mam däitschen RTL-Radio hat den Entertainer mam amerikaneschen Akzent ëmmer ganz enk Kontakter.
De Ramsey war zanter 1984 däitsche Staatsbierger, seng lescht Joren huet en zu Hamburg verbruecht.