Wie gëtt den neien Johnny Chicago? Castinge ginn an eng zweet Ronn

Fabienne Zwally
Fir de 40. Gebuertsdag vum Andy Bausch sengem Film "Troublemaker" soll de legendäre Personnage elo an enger neier Serie zeréckkommen. D'Produktiounsfirma Samsa Film sicht dofir en neit Gesiicht fir d'Haaptroll.

Den Johnny Chicago gouf no sengem Debut 1988 an de Lëtzebuerger Kinoe Kult.

Klengkriminell, impulsiv, zum Deel tollpatscheg, ma ëmmer mat enger grousser Schnëss. Esou kennt een den Johnny Chicago vun deemools, deen den Thierry van Verwecke verkierpert huet.

Elo soll et e méi jonken Johnny Chicago ginn, deen e Familljemember vum fréieren ass.

Dofir sicht een elo e frëscht Gesiicht. 170 Kandidaten hu sech fir den éischte Casting gemellt. Si konnten entweder online e Video eraschécken oder bei spontane Castingen op der Fouer matmaachen. 32 Kandidaten hunn et an déi méi enk Auswiel gepackt.

Bei der zweeter Castingronn, déi vun de Co-Regisseure Roxanne Peguet a Govinda van Maele organiséiert gouf, missten d'Kandidaten eng Zeen nospillen an där den Johnny Chicago säi Stammcafé iwwerfält. Déi nei "Troublemaker"-Serie soll aus sechs Episode bestoen. D'Dréiaarbechte si fir d'Fréijoer 2027 geplangt. D'Serie soll spéitstens 2028 erauskommen, passend zum 40. Gebuertsdag vum éischte Film.

An den RTL hält Iech natierlech um Lafenden, wéi et an deem Dossier weider geet.

Back to Top
CIM LOGO