An enger Zäit vu Polykrisen a Kricher wënscht ee sech eigentlech just eppes: Fridden. Ma wat bedeit Fridden iwwerhaapt? Wéi ee Präis dierf Fridden hunn? A wéi ass Lëtzebuerg am Laf vun der Geschicht mat deem Thema ëmgaangen ? Mat deene Froe beschäftegt sech aktuell eng Expo an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg.
"La paix (in)achevée. Perspectives luxembourgeoises sur la paix" nennt sech d'Ausstellung, déi vum Historiker Mohamed Hamdi kuratéiert gouf. 2021 ass d'Iddi opkomm. An deene fënnef Joer ass eng Onmass un Dokumenter, Fotoen, Temoignagen an Objeten zesummekomm, déi et erméiglechen, Iwwerleeungen an Discoursen zum Thema Fridden aus der Vergaangenheet ze rekonstruéieren.
D'Expo féiert duerch 12 verschidde Kapitelen an hëlt d'Visiteure mat op eng Rees duerch gutt 200 Joer Geschicht. D'Ausstellung géing eng Kéier weisen, wéi d'Zivilgesellschaft sech agesat huet fir de Fridden an op der anerer Säit hätt een d'Regierung an d'Diplomaten, déi sech op engem internationalen Niveau géingen asetzen fir de Fridden.
Et wéilt een de Visiteuren d'Bandbreet gi vun de Meenungen an Iwwerzeegungen, awer ouni Partei ze ergräifen, betount den Direkter vun der Nationalbibliothéik, Claude D. Conter. Et wéilt ee keen erzéien, mee de Leit d'Outile mat op de Wee ginn, fir dass se sech kéinten eng Meenung bilden.
De Claude D. Conter observéiert iwwerdeems eng Tendenz an der Gesellschaft, fir ganz staark kontroverséiert a provokativ iwwer eenzel Sujeten ze diskutéieren. Zum Beispill iwwer de Krich an der Ukrain oder am Noen Osten. Wann ee géing gesinn, datt esou Konflikter net nëmme punktuell diskutéiert ginn, mee et eng Geschicht dozou gëtt, da wier dat eppes, wat vläicht kéint hëllefen manner emotional ze reagéieren, mee och am Sënn vun enger geschichtlecher Ausernanersetzung, an dat wéilt ee mat der Ausstellung sécherlech och zum Ausdrock bréngen.
Eng ganz Partie Dokumenter wiere fir eng aller éischte Kéier ze gesinn. Si kéimen aus den Archive vun Associatiounen a wiere bis elo nach ni ëffentlech gewise ginn. D'Expo ass nach bis Enn Oktober d'nächst Joer. Si ass op Franséisch an Englesch an den Entrée ass gratis. Complementaire dozou ass och eng Publikatioun ënnert dem selwechten Numm erauskomm.