Mat him ass den Ensembel nei Weeër gaangen an hien huet dem Public en innovative Programm ugebueden. Elo hëlt de Christop König nei Chargen am Ausland un, bleift dem SEL awer erhalen.
Am November 2022 iwwerhëlt de Christop König déi artistesch musikalesch Verantwortung vum spuenesche Radio-Symphonie-Orchester mat hirem Chouer. 2023 gëtt de Christoph König dann och nach Chefdirigent zu Madrid, dat fir 3 Joer. Och wann dëst elo net esou vill Concerte sinn, bedeit et awer vill Aarbecht an der Virbereedung. An trotz dësem Surplus un Aarbecht, bleift de Christophe König bis 2025 awer och beim SEL.