Zweeten Deel"Coming to America" mam Eddie Murphy kënnt zeréck

RTL Lëtzebuerg
Gefillten 1 Mol am Joer gëtt de Film mam Prënz aus Zamunda op der Tëlee gewisen. E Klassiker an der Chrëschtzäit.
© AFP

32 Joer, nodeems en déi éischte Kéier um groussen Ecran gewise gouf, soll et elo en 2. Deel ginn. Vum 5. Mäerz u kann d’Fortsetzung online gestreamt ginn. Dat schreift Amazon Prime Video op Instagram.

Am éischte Film ass de Prënz Akeen, deen aus engem fiktiven afrikanesche Kinneksräich kënnt, op New York gereest. Och dës Kéier huet hien de Wee zeréck an d’USA fonnt. Mëttlerweil ass hie kee Prënz méi, mä e richtege Kinnek... a souguer Papp. Dovu wosst hien awer laang Zäit näischt. Fir sengem Papp, deen um Stierwe läit, säi leschte Wonsch z’erfëllen, reest hien an d’USA, fir säi Bouf kennenzeléieren, a seng Heemecht matzehuelen an hien als Prënz kréien ze loossen. Nieft dem US-Acteur Eddie Murphy spillen och den Arsenio Hall, Shari Headley an James Earl Jones mat.

Back to Top
CIM LOGO