"Kinnek vun der Tragedie"De Bollywood-Star Dilip Kumar ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Dilip Kumar war nieft dem Dev Anand an dem Raj Kapoor ee vun den dräi bekanntste Gesiichter vum gëllenen Zäitalter vun der Bollywood-Welt.
© AFP/Archives/Roslan RAHMAN

Wéinst sengem natierlechen eeschten Optriede gouf hien als “Kinnek vun der Tragedie” bezeechent. Iwwert en halleft Joerhonnert huet hien a bal 60 Filmer matgespillt. Eng vu senge berüümtste Rolle war déi am Film “Mughal-e-Azam”, eng legendär Geschicht iwwert d’Léift tëscht engem Prënz a sengem Sklav. En anere Risenerfolleg war de Blockbuster “Ganga Jamuna”. Wéi an de 70er Joren eng nei Generatioun vu Bollywood-Acteuren opgedaucht ass mat Ikone wéi dem Amitabh Bachchan, war den Dilip Kumar net méi sou heefeg um groussen Ecran ze gesinn.

Um Enn vun den 90er Joren huet sech de Mohammed Yusuf Khan, wéi e mat richtegem Numm heescht, staark politesch engagéiert a sech fir Fridden tëscht Indien a Pakistan agesat. Zwee Joer méi spéit gouf hien als Parlamentarier gewielt.

Hie gouf ënnert anerem mam “Dadasaheb Phalke Award” ausgezeechent an huet och ganzer 8 Mol de Filmfare Award fir de beschten Haaptduersteller gewonnen. 2 Filmfare-Auszeechnunge goufen et iwwerdeems fir säi Liewenswierk. Am Joer 1988 krut hien déi héchste pakistanesch Zivilmedail, den Nishan-e-Imtiaz.

E Mëttwoch ass d’Film-Legend am Alter vun 98 Joer verscheet.

Back to Top
CIM LOGO