Elo am ReplayDe Filmsecteur: Een Audit, Irregularitéiten, Konsequenzen?

Annick Goerens
D'Grënnung an d'Missioun vum Filmfong, d'Entwécklungen am leschte Joer, een Audit, eng Erhéijung vum Budget a vill oppe Froe ronderëm Irregularitéiten.
Journal Spezial: De Filmsecteur
Mëttwochs um 20 Auer ass et de Rendezvous mat der RTL-Redaktioun. Am Interview oder am Face-à-Face gi mer aktuellen Themen op de Grond an haken no.

D'Grënnung an d'Missioun vum Filmfong

An den 80er Jore waren et eng Handvoll Idealisten, déi Lëtzebuerger Filmer produzéiert hu mat éischter amateurhafte Moyenen. 1990, ënnert der Regierung Santer, war de politesche Wëllen do fir nieft Diffusioun duerch RTL an Astra, och Produktioun ze maachen. Doduerch ass ee Filmsecteur entstane mat haut ëm di 1.000 Beschäftegten, Realisateuren, Produzenten, Schauspiller, Techniker a Firme ronderëm, déi dovun ofhänken.

De Filmfong ënnerstëtzt audiovisuell Produktiounen duerch finanziell Hëllefen, iwwerhëlt di ganz Verwaltung dovunner, och mat Koproduktiounen am Ausland, a mécht Promotioun fir d’Filmer heiheem an am Ausland wéi zum Beispill um Lëtzebuerger Stand vum Festival vu Cannes.

D‘Zorte vun Hëllefe sinn am Laf vun de Jore geännert ginn. Audiovisuell Zertifikater sinn 2014 ofgeschaaft an duerch direkt Hëllef ersat ginn. Am Comité de sélection, deen iwwert d’Aiden decidéiert, sëtzen haut 5 Leit, déi sech 5 mol d’Joer gesinn, fir ze jugéieren, wéi ee Film wéi eng Hëllef kritt. De Budget vum Filmfong fir 2020 läit bei 41 Milliounen Euro. Dëst Joer waren et 37 Milliounen.

Zanter der Kreatioun vum Fong sinn iwwer 500 Millioune staatlech Hëllef gefloss.

Vum Audit bis zum Spezialrapport vun der Cour des comptes

An de leschte 5 Joer ass net just d’Zuel vun den Entreprisen am Lëtzebuerger Filmsecteur, ma och d’Projeten, déi agereecht gi fir eng Aide à la production ze kréien ëm 35 Prozent geklommen. De Kuch gëtt fir all Mënsch ëmmer méi kleng, dofir huet sech de Secteur dat ganzt lescht Joer staark gemaach, méi Budget vun der Regierung ze kréien.

Mee 2018: De Premier- a Medien-Minister Xavier Bettel huet een Audit iwwer de Filmfong an Optrag ginn.

November 2018: Déi definitiv Versioun vum Audit läit der Regierung vir.

Mäerz 2019: D'Online-Medie-Plattform Reporter thematiséiert d'Mëssstänn am Audit.

Politesch Reaktiounen? Just eng Question parlementaire vum CSV-Deputéierte Félix Eischen, deen Detailer wollt gewuer ginn.

4. November 2019: Den Audit gëtt op hei op der Antenne thematiséiert.

11. November 2019: Pressekonferenz vum Premier Minister Xavier Bettel zesumme mat de Responsabele vum Filmfong an dem Auditeur Manuel Baldauff vu Value Associates, wou politesch Recommandatiounen, déi mam Secteur wärend engem Joer ausgeschafft gi waren, presentéiert goufen. Virop soll op méi Qualitéit gesat ginn. Donieft gouf am Filmfong ee Poste kreéiert, fir Statistiken iwwer de Secteur ze produzéieren an domadder fir méi Transparenz ze suergen, och d'Kommunikatioun mat de Produzente soll verbessert ginn.

11. November 2019: Budgets- a Kontrollkommissioun an der Chamber: Deputéiert huelen d’Decisioun à l'unanimité fir d’Cour des comptes, also de Rechnungshaff, domadder ze beoptragen e Spezialrapport iwwer de Filmfong ze maachen. Wéi weit den Rapport soll goen a wéi déif soll gefuerscht ginn, misst nach gekuckt ginn.

12. November 2019: Mediekommissioun um Krautmaart: d'Deputéiert fuerdere méi Kontroll. Déi Kéier awer net vum Filmfong, ma vun de Produktiounsbetriber selwer. De Xavier Bettel huet dozou gesot, hien hätt keen Problem domadder, dass d’Gesetz iwwer de Filmfong entspriechend geännert gëtt.

Irregularitéiten, déi scho laang am Raum stinn

Wéi ginn d'Steiergelder vun de private Produktiounsfirmen agesat? Bis ewell hunn offiziell 3 Boîtte Faillite deklaréiert. Anerer konnte quasi a leschter Minutt gerett ginn.

De Fall Carousel 2005

Besonnesch uerg war an dem Kontext d'Faillite vun „The Carousel Picture Company S.A.“ 2005, déi jorelaang vum Filmfong subventionéiert gouf. Do ass intern sou Munches schif gelaf, wéi eis och een auslännesche Produzent erkläert huet, deen e puer mol mat Carousel zesummegeschafft huet. De Reproche ass den vun opgeblosene Budgeten a falsche Rechnungen. D'Faillite ass iwwregens bis haut net clôturéiert. Iwwer 150 Entreprisen a Persoune sinn op hire Käschten a Milliounenhéicht sëtze bliwwen.

PDF: Ordonnance vun der Chambre du Conseil vum Mäerz 2015

Back to Top
CIM LOGO