RIPDe Frontman vun "The Cars" Ric Ocasek ass dout

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vu 75 Joer ass de Ric Ocasek, Frontman vun "The Cars" gestuerwen. Dat huet d'New Yorker Police matgedeelt.

Hie gouf e Sonndeg zu Manhattan dout a senger Wunneng fonnt. Et goufe keng Zeechen op Friemawierkung.

The Cars hatten an den 80er Joren e puer Hits, wéi z.B. "Drive", "You Might Think" oder "Shake It Up".

Den Ocasek war 3 mol bestuet an hat 6 Bouwen. Seng drëtt Fra war d'Supermodel Paulina Porizkova, déi am Musikvideo vun "Drive" matgewierkt hat.

Back to Top
CIM LOGO