KinoDem Darth Vader säin Helm kënnt ënnert den Hummer

RTL Lëtzebuerg
Eng dausend Hollywood-Reliquië kënnen Enn September zu Los Angeles gesteet ginn.
© AFP/Archives/Frederic J. BROWN

De 25. a 26. September wäerten, ofgesi vum Helm an der Mask aus dem Film "Das Imperium schlägt zurück", nach aner berühmte Film-Géigestänn versteet ginn, déi ëm 10 Milliounen Dollar erabrénge sollen. Eleng de Casque gëtt op e Wäert vun 250.000 bis 450.000 Dollar geschat. D'Organisateure vun der Stee ginn dovun aus, dass d'Endresultat esouguer nach méi héich ausfale kéint.

Nieft dësem Objet ginn nach aner berühmten Ausstellungsstécker ugebueden. Dorënner dem Daniel Radcliffe säi Brëll aus dem Potter-Universum, dee bei ongeféier 30.000 Dollar läit, oder dem Sean Connery säi Moundgefier aus dem James-Bond-Film "Diamantenfieber", woufir de Keefer bis zu 600.000 Dollar bezuelen dierft.

© AFP/Frederic J. BROWN

Ganz populär sinn och Kostümer, déi Schauspiller wärend Dréiaarbechte unhaten. Dem Hollywood-Liebling Leonardo DiCaprio an dem Kate Winslet hiert Outfit aus "Titanic" oder d'Kleed aus dem Klassiker "Der Zauberer von Oz", dat ronn 500.000 Dollar wäert ass, wäerte fir eng turbulent Stee suergen.

© AFP/Frederic J. BROWN

Et héiert een ëmmer nees, dass Mataarbechter an Hollywood-Studioen Film-Unikater rette géingen, déi no den Dréiaarbechten an d'Poubelle geheit ginn, sou den Zach Pogemiller, aus dem Haus Profiles in History. Bis viru Kuerzem soll ville Leit net bewosst gewiescht sinn, ewéi wichteg et wier, dës Géigestänn ze schützen, well se en Deel vun eiser Kulturgeschicht wieren, seet hien.

Back to Top
CIM LOGO