Hien ass Streetworker an der Stad an do krit een e ganz authenteschen Abléck an dat haart Liewe vun de Mënschen op der Strooss, wou de Miki a seng Aarbechtskollege versichen, deene Leit ze hëllefen.
Donieft huet hien awer och e Programm an d'Liewe geruff, wou Jonker gratis Kampfsport-Course kréien, de Miki ass nämlech och e fréiere Boxer.
Mir hunn eis mam Realisateur Claude Lahr iwwert dësen "routwäissgro" ënnerhalen.