Rocklab Pop-Up SessionsDen Oscar Leone an d'Sophie Mousel maachen zesumme Musek

Loïc Juchem
Si spille souguer mam Gedanken, dat an Zukunft och reegelméisseg ze maachen.
Den Oscar Leone an d'Sophie Mousel maachen zesumme Musek
Si spille souguer mam Gedanken, dat an Zukunft och reegelméisseg ze maachen.

Rocklab Pop-Up Sessions: sou heescht deen aktuelle Projet vun der Rockhal, wou et drëms geet, déi Lëtzebuerger Kënschtler an Toun an a Video professionell opzehuelen. Viru kuerzem souz de Petur Oscar Sigurdsson alias Oscar Leone um Belval am Rockhal-Tounstudio an huet ënnert anerem seng Single Lion, déi hei zu Lëtzebuerg nawell dacks um Radio ze héieren ass, do performed.

Hie war awer net eleng: eng charmant Begleedung souz um Piano an dat war keen anert ewéi d’Sophie Mousel. Si huet d’Elsa Ley an der Serie “Capitani” gespillt.

LINK: Hei all d’Sessions am IwwerbléckDen Oscar Leone war och Invité an der Emissioun No Art on Air. Klickt hei, fir op de Replay ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO