
Hie soll schonn den 23. Januar a sengem Haus a Kalifornien Beverly Hills verscheet sinn. Iwwert d’Doudesursaach goufe keng Detailer genannt.
Bekannt war den Holbrook ënnert anerem fir d’Duerstellung vum Schrëftsteller Mark Twain, fir déi hien 1966 mam US-Theaterpräis “Tony” als beschten Acteur ausgezeechent gouf. Donieft krut hien a senger Karriär 5 Mol den “Emmy Award” a gouf direkt e puer Mol fir den “Oscar” nominéiert.
Wärend 6 Joerzéngte stoung den Hal Holbrook virun der Kamera an ass iwwer 2.200 Mol a senger One-Man-Show opgetrueden. Hien huet an iwwer 120 Film- a Fernseeproduktioune matgespillt, ënnert anerem an der Serie “Lincoln” oder an der Verfilmung vun “Into the Wild”.