
Ënnert dem Slogan "Wat hutt Dir haut gemaach?", mécht sech e Grupp vu regelméissegen Donateuren, déi d'UNICEF Global Parents nennt, de ganzen Oktober op d’Sich no Leit déi sech hinnen uschléisse wëllen fir och Global Parent ze ginn an domat all Mount, all Kand, iwwerall op der Welt ze hëllefen.Wann ee "Global Parent" gëtt, ënnerstëtzt een d'Unicef laangfristeg duerch e bestëmmte Montant all Mount: 20, 30 oder 52 Euro, fir Kanner an den 1.000 éischten Deeg vun hirem Liewen ze begleeden.

Duerch esou en Engagement, kann d'Hëllef besser geplangt a koordinéiert ginn. Umelle geet ganz einfach op unicef.lu.D'Vidosava Kuzmic vun RTL Télé Lëtzebuerg war mat zwee Global Parents, dem Julie an dem Vic, an de Malawi fir sech e Bild ze maachen wéi hir Donen all Mount hëllefen.
Zesumme baue si Schoulen, ginn de Kanner proppert Waasser oder hëllefen hinnen an Urgencen.
Wien 20 Euro de Mount spent, hëlleft am Beräich Gesondheet:
Wien 30 Euro de Mount spent, schenkt dee ganze Mount laang Iessen:
Wien 52 Euro de Mount gëtt, gëtt 100 Mënschen Drénkwaasser fir ee ganz Mount: