8 verschidde Museker, déi sech net kennen, verbréngen eng Woch zesummen, fir e musikalesche Wee ze fannen, deen op e gemeinsame Concert hiféiert. De Régis Thill war fir eis am Concert an huet mat der Lëtzebuerger Musekerin Florence Kraus an den Organisateure geschwat. Natierlech war den Jazz Event Reset dëst Joer e Reset vum Reset, well de Virus och eng bedeitend Plaz an der Partitur hat.
D’Ainhoa Achutegui, Directrice vum Neimënster weist drop hin, dass een alles gemaach huet, fir dëse wonnerbare Live-Moment a séchere Konditioune kënnen z’organiséieren.
Déi Lëtzebuerger Musekerin Florence Kraus, déi zu Paräis wunnt a schafft, huet sech iwwert d’Méiglechkeet gefreet, un sou enger Experienz deelzehuelen, an iwwerhaapt nees dierfe viru Public opzetrieden.
Florence Kraus: “D’Iddien ze huelen, ze verschaffen, weiderzeginn... et ass ganz ganz vill Improvisatioun dobäi, ganz vill lauschteren, Exploratioun. An elo well e bësse Publikum do war, a mir alleguerten d’ganzt Joer am Fong net virun engem Publikum gespillt hunn, war dat super.”
Spannend Woch fir d’Museker, spannende Concert fir de Public live oder am Stream. De Pascal Schumacher, musikalesche Mentor vum Reset konnt zefridde sinn.
Pascal Schumacher: "D’Resultat mécht mech immens frou. Et spiert een, dass eng Musek dobäi erauskënnt, déi immens reflektéiert, wat am Moment an deene Museker, an deene Kënschtler virgeet. An dësem Joer, wou ee Saachen eraushéiert, zum Beispill eng gewësse Fragilitéit, eng gewëssen Angscht a gläichzäiteg och eng Freed a sécherlech Hoffnung, dass et geschwënn erëm besser gëtt.”