Daft PunkD'Museker ginn no 28 Joer getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
Nodeem den Duo e Méindeg e Video mam Titel "Epilogue" publizéiert hunn, huet hir Managerin d'Trennung confirméiert.

1993 huet d’Grupp sech gegrënnt an hat zanterhier ëmmer nees erfollegräich Singlen an Albumen. Um Méindeg gouf dunn e Video op hirem offiziellen Youtube Kanal mam Titel “Epilogue” eropgelueden.

En Epilog ass an der Literatur e Schlusswuert um Enn vun engem Wierk. Esou kann een dëse Video vun Daft Punk dann och als “lescht Wierk” interpretéieren, grad well si am Video nach de Schrëftzuch “1993-2021" mat erabréngen.

Spekulatiounen ëm de Video goufen da séier vun der Agentin vum Grupp ënnerbonnen. D’Kathryn Frazier huet confirméiert, datt Daft Punk sech trennt, ouni awer Detailer ze nennen.

Back to Top
CIM LOGO