
An der Galerie Domnique Lang zu Diddeleng ass nämlech den Ament eng Ausstellung ze gesinn vun der Kënschtlerin Aude Legrand, eng Expo mat engem intressanten Titel "C'est l'histoire d'un chat qui portait des souliers à minoux".

Et ass déi éischt perséinlech Ausstellung vun der Artistin a si huet d'Expo och mat engem Text vun der Autorin Nora Wagner illustréiere gelooss.
E Sonndeg 29.9.2109 kann een iwwregens d'Aude Legrand och begéinen an der Ausstellung a sech mat hir ënnerhalen.

Och an där anerer Diddelenger Galerie, der Galerie Nei Liicht" ass dat de Fall fir d'Wierker vun der Fotografin Carole Melchior. Op ass vun hallwer 12 bis 7.
Och an der Ausstellung am Literaturzenter zu Miersch kann ee sech vum Auteur begleede loosse muer.
Rieds ass hei vun der Ausstellung "De Superjhemp ënnert dem Röntgebléck". Nodeems se do 260 Archivkëschte mam Nolooss vum SUperjhemp-Zeechner Roger Leiner kritt hunn, ass decidéiert ginn eng Ausstellung ze maachen iwwer d'Geschicht vun der bekanntester BD vu Lëtzebuerg. De Claude Kremer erkläert.

Den 28. September sinn et genee 100 Joer hier, datt zu Lëtzebuerg e Referendum war bei deem d'Lëtzebuerger op zwou Froe geäntwert hunn: ob se d'Monarchie nach wéilten an ob se wéilten an eng Wirtschaftsunioun mat der Belsch oder mat Frankräich goen.
Intressant ass, datt dat déi éischte Kéier war, datt quasi jidderee konnt seng Meenung soen, déi éischte Kéier datt dat allgemengt Walrecht en Vigueur war, also och Fraen an all Männer ugesprach waren. Dat allgemengt Walrecht ass d'Thema vun enger Ausstellung am Geschichtsmusée um Fëschmaart, d'Renée Wagner.
D'Ausstellung dauert bis den 5. September 2020.