
Inspiréiert huet sech de Regisseur vu Filmer wéi “The Sixth Sense”, “Unbreakable” a “Split” un der Graphic Novel “Sandcastle” vum Pierre Oscar Lévy a Frederik Peeters aus dem Joer 2013. Am Mëttelpunkt vum Film steet eng Famill (Vicky Krieps a Gael García Bernal) mat 3 Kanner, déi Vakanz op enger ofgeleeëner Plage mécht. Op eng Kéier mierken all d’Gäscht vum Beach Resort, datt si ufänken, ganz séier méi al ze ginn. D’Kanner ginn zu Teenager an déi Erwuessen kréie gro Hoer a Falen. Déi éischt Hotelsgäscht stierwen. E spannende Wettlaf géint d’Zäit fänkt un.
De Film soll den 23. Juli an d’Kinoe kommen. Elo huet Universal Pictures den Trailer a voller Längt verëffentlecht.