"Footnotes"En Theaterstéck mat politeschem Message

RTL Lëtzebuerg
Spéitstens dem Trump seng Inauguratioun 2017 an de Women's March duerno waren Ausléiser fir de Projet „Footnotes“.
Footnotes / Reportage Sarah Rock (13.11.19)
En Theaterstéck mat politeschem Message

Wat heescht marschéieren? A speziell fir eppes op d'Strooss ze goen? Wat bedeit Engagement a Responsabilitéit? Dat englescht Stéck am Escher Theater kombinéiert eng historesch Rees duerch Protestbeweegungen a Feminismus mat aktuellen Debatten. „Footnotes" ass net einfach eng politesch Performance, ma en absurd Koméidistéck mat Video a Musek. D'Schrëftstellerin an Actrice Claire Thill huet d'Basis vum Text geschriwwen, awer du mat der Regisseurin an de Schauspiller zesumme weider konzipéiert. D'Form ass domat un de Message ugepasst.

„Footnotes" leeft nach bis de 15. November am Escher Theater.

Back to Top
CIM LOGO