
Dës Dotatioune solle Konschthandwierker an der aktueller schwéierer Zäit bei der Creatioun hëllefen, sief et beim Kaf vu Material, dem Amenagement vun Atelieren oder mat der Ënnerstëtzung bei der Produktioun oder der Ausstellung vun de Wierker.
Aus den Dossieren, déi eragereecht goufen, huet e Jury 9 KënschtlerInnen zeréckbehalen, déi jiddereen eng Dotatioun vun 2021€ kréien. Hei d’Nimm vun de Laureate mat der Decisioun vum Jury:
- Romy Collé, maître orfèvre, pour aider à la refonte de son site internet et de son identité visuelle
- Nancy Fis, créatrice de bijoux, pour aider à la création de sa boutique
- Katarzyna Kot-Bach, sculptrice sur bois et bronze, pour acquisition de biens matériels pour son atelier
- Tine Krumhorn, créatrice-designer, pour soutenir l’organisation d’une exposition
- Iva Mrazkova & Jean Bichel, artiste peintre et sculptrice/Forgeron d’art, pour aider à la réalisation d’une oeuvre en acier
- Karolina Pernar, sculptrice sur bois, pour soutenir le réaménagement de son atelier
- Maïté Schmit, artiste designer orfèvre, pour aider à la réalisation de nouveaux bijoux selon la technique Ashanti
- Alejandra Solar, créatrice de bijoux, pour soutenir l’achat de matériel
- Birgit Thalau, créatrice de bijoux contemporain, pour soutenir la réalisation de nouvelles pièces
Déi drëtt Editioun vun der Biennale “De Mains de Maîtres”, déi 2016 vun der ierfgroussherzoglecher Koppel initiéiert gouf a vun der Chambre des Métiers an der Spuerkees ënnerstëtzt gëtt, hätt sollen Enn November 2020 am alen Arbeds-Gebai op 19, Avenue de la Liberté sinn. Si soll elo am November 2021 sinn. D’Thema ass “Viv(r)e la matière”.