WolzFir déi 2. Kéier elo scho konnt d'Gënzefest net organiséiert ginn

Christophe Hochard
Eidel, verloosse Stroossen... Sou huet sech e Méindeg Wooltz presentéiert, och 2021 fält dat traditionellt Fest wéinst der Pandemie aus.
Kee Gënzefest zu Wolz
Eidel, verloosse Stroossen... Sou huet sech e Méindeg Wooltz presentéiert, och 2021 fält dat traditionellt Fest wéinst der Pandemie aus.

No 2020 ass et fir d'2.Kéier dass d’Gënzefest wéinst der aktueller sanitärer Kris net kann organiséiert ginn.

Virun 3 Joer konnt nach déi 70.Editioun vun dësem traditionelle Fest gefeiert ginn. Zeg Dausende Leit zitt et op Päischtméindeg ëmmer op Wolz. Sief et fir um Cortège deelzehuelen oder e puer flotter Stonnen am Norde vu Lëtzebuerg ze verbréngen.

A wei d’Musel hir Wäikinnigin huet, sou huet d’Stad am Éislek hir Gënzekinnigin. Déi giel Blumm steet bei dësem Volleksfest am Virdergrond. Virun allem am Norde vum Land fënnt ee vill Gënz.

Zanter 1949 gëtt also d’Gënzefest zu Wolz organiséiert. Hei e puer Andréck aus Reportagen aus de 50er Joren. Scho viru méi ewéi 65 Joer hunn vill Leit de Wee an d’Éislek fonnt fir e puer flotter Stonnen ze verbréngen. Deemools ware souwuel Foussgruppen ewéi och Ween beim Cortège dobäi. A vun Ufank un hat d’Gënzefest och eng Kinnigin.

E Méindeg um Feierdag huet nëmmen hei an do eppes un d’Gënzefest zu Wolz erënnert.

Laang Wochen am viraus gëllt et esou e grousst Fest z’organiséieren. Et brauch vill Benevoller an därer ginn et ëmmer manner. Gäre wëllen déi Responsabel d’nächst Joer e Gënzefest op d’Bee stellen, awer ënnert enger anerer Form.

Wei d’Gënzefest 2022 ausgesäit wësse ma spéitstens an engem Joer.

Back to Top
CIM LOGO