Kultserie"Friends: The Reunion" leeft elo op HBO Max

RTL Lëtzebuerg
Fans vun der Kultserie "Friends" hunn ongedëlleg drop gewaart, elo endlech weist de Streamingdéngscht HBO Max d'Spezialepisod.
© AFP/Archiv/LEE CELANO

Dräi Deeg laang stoungen déi sechs bekannten Duersteller aus dem Original - Jennifer Aniston, David Schwimmer, Courteney Cox, Matt LeBlanc, Lisa Kudrow a Matthew Perry - fir de Special vum Streamingdéngscht HBO Max op dem Site vu Warner-Brothers-Studios virun der Kamera, dat Ganzt mat engem Live-Publikum.

Mat vun der Partie sinn och prominent Fans vun der Serie wéi den Justin Bieber, den David Beckham, d’Lady Gaga oder d’Supermodels Cindy Crawford a Cara Delevigne.

“Friends” gouf tëscht 1994 an 2004 gedréit a krut eng ganz Rei Präisser. Déi fréier Staren hate sech all bereet erkläert, bei dësem eemolege Comeback vum Joey Tribbiani, Chandler Bing, Monica Geller, Rachel Green, Ross Geller a Phoebe Buffay matzewierken. Jidderee vun hinnen soll dem Brancheblat “Variety” no dofir 2,5 Milliounen Dollar (2,3 Milliounen Euro) Gage kréien.

Zu Lëtzebuerg dierft et fir den Ament leider e bësse méi schwiereg sinn, sech “Friends: The Reunion” unzekucken, ma ëmmerhin kann een an den Trailer eraluussen.

Back to Top
CIM LOGO